Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

16.12: Lasep Piscine
18.12: Lasep Tischtennis
13.01: Lasep Handball
20.01: Lasep Zirkus
27.01: Lasep Rugby
Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Bei de Fliedermais

    Liesstonn an der Maison Relais bei de Fliedermais

    Léif Elteren,

    Mir wëlle geschwënn e Lieseprojet an Maison Relais starten a wiere ganz frou, wann Dir eis dobäi hëllefe kënnt!

    D’Kanner sollen duerch virgeliesene Geschichten a gemeinsam Erzielungen d’Freed un Bicher entdecken – och wann si nach net selwer liese kënnen.

    Wann Dir Loscht hutt, eng kleng Geschicht virzeliesen, géife mir eis ganz vill freeën. All Hëllef mécht eise Lieseprojet nach méi spannend a faarweg!

    Villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung – mir freeën eis op vill kleng Aventuren tëscht de Säiten!

    Léif Gréiss,

    Equipe Maison Relais bei de Fliedermais Précoce & Spillschoul


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    Dës Woch hu mir vill flott Aktivitéiten zesumme mat Äre Kanner erlieft an der Maison Relais!

    Hei sinn d’Fotoe vun der Woch. Schéinen Dag an e ganz schéine Weekend gewënscht!


  • Bei de Fliedermais

    E Beemchen voller Kreativitéit

    Léif Elteren,

    Är Kanner hunn an de leschten Deeg mat vill Freed a Kreativitéit schéin Dännebeemchendekor gebastelt.

    Eis Dännebeemchen ass elo mat hiren selwergemaachten Dekoratiounen geschmückt an et gesäit wierklech wonnerschéin aus!

    D’Beemchen steet am Entrée vun der Maison Relais, sou datt Dir et zesumme mat Äre Kanner bewonnere kënnt.

    Léif Gréiss,

    Equipe Spillschoul an Précoce „Maison Relais bei de Fliedermais“


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Adventskalenner

    Léif Elteren,

    Juhu, et geet lass! Haut mécht eisen Maison Relais-Adventskalenner seng Dieren an der Précoce op.
    All Dag kritt ee Kand säin ganz eegent klengt Adventstutt, di vu klengen Hänn mat vill Léift a ville Stickeren selwer dekoréiert hunn. Wat sech dobannen verstoppt, ass eng geheim Iwwerraschung…
    pssst, dat wësse just eis Educatricen! ;-)

    Mir freeë eis schonn op vill glänzend Ae, kleng O’s a ganz vill Adventsmagie mat äre Kanner.

    Ganz häerzlech Wantergréiss,

    Äert Equip Précoce „Maison Relais bei de Fliedermais“


  • Bei de Fliedermais

    Précoce Maison Relais

    Léif Elteren,

    mir wëllen Iech gären e klengen Réckbléck op d’Woch an eis Maison Relais ginn.

    Dës Woch hu mir zesumme mat de Kanner eng Wonschlëscht fir de Kleeschen gemaach an Dekoratioun fir eisen Chrëschtbam gebastelt. D’Kanner hunn och mat vill Freed Waffele gebak an sie hu verschidde Rollenspiller gespillt an eisen Spillraum, wéi z. B. Bauaarbechter, Handwierker an aner Beruffer aus dem Alldag.

    Eisen Adventskalenner ass elo och fäerdeg a prett fir déi nächst Woch. Ausserdeem hu mir schéi Dekoratioun fir eist Wanterfest gebastelt.

    An eisem Déiere-Projet si mir och e Stéck weider komm: Dës Woch hu mir Mierdéiere kennegeléiert, e Sujet, deen d’Kanner ganz begeeschtert huet.

    Wéi ëmmer kënnt Dir och Fotoe vun der Woch ukucken.


  • Bei de Fliedermais

    Wanterfest 2025

    Léif Elteren,

    Mir lueden Iech an Är Famill häerzlech op eise Wanterfest an, deen den 12/12/2025 an eiser Maison Relais stattfennt. Mer hoffen op ee schéine gemittlechen Nomëtten (16h00 bis 18h00) mat Iech. Kaffe a Kuch ass gesuergt an och e klengen Danzspektakel, dee mat vill Freed vun de Kanner virbereet gouf.

    D’Equippe Maison Relais bei de Fliedermais


Nächst Lescht