Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Breedewee
Grand RueReckbleck op dei zweet Woch vun der Ouschtervakanz
Och dei zweet Woch stungen vill verschidden Aktivitieten um Programm. Hei e puer Fotoen vun deenen coolsten Aktiviteiten :)
- Breedewee
Grand RueEischt Woch Ouschtervakanz mat vill flotten Aktiviteiten
Dei eischt Woch vun der Ouschtervakanz wuar fir keen langweileg. All Dag stungen flott Aktiviteiten mat vill Ofwiesselung um Programm :
- zum Thema Ouschteren gouf gebastelt an gemolt, et goufen Eeer gefierwt an och eng Eeersich stung um Programm
- d'Kanner hun d'Stroossen vun Esch e bessen propper gehaalen an beim Besuch am Recyclingzenter hun sie dei richteg Mülltrennung geleiert
- zesummen gouf e Brunch prepareiert an jidereen konnt seng Kachkenscht enner Beweis stellen
- am Kletterpark zu Diddeleng konnten sie Tarzan spillen :)
- Fussball konnt souguer um groussen Terrain gespillt gin, wou sie och hannert d'Kulissen kucken konnten an nei Informatiounen gesammelt hun
- zu Capellen hun sie eng nei Spillplaaz entdeckt an haaten vill Freed beim Fraispill
- am Policemusée hun sie och vill nei Entdeckungen gemaach an konnten sech an d'Roll vum Polizist eran versetzen
- Velo fueren
- Geocaching zu Monnerech
- Breedewee
Reckbleck op eng gudd gefëllten Woch
Hei e puer Fotoen vun deenen flottsten Aktivitéiten vun deser Woch :
- Mat flotten Freijoersblummen hun d'Kanner d'Hochbeet verscheinert.
- D'Villecher kruten en neit Haus gebastelt.
- D'Kanner hun hiert Talent beim Schlittschungfueren bewisen.
- Um Computer gouf probeiert en eegent Rezept opzesetzen.
- Beim Fussballsturneier hun ma geint eis Kollegen aus dem SEA Parc du canal gespillt.
- Am Déierenpark konnten ma Deieren kämmen an botzen.
- Am Ellergronn hun ma probeiert eng Hütt ze bauen.
- Hindernisparcours am Haff.
- Breedewee
Grand RuePROGRAMM - OUSCHTERVAKANZ 2023
Léif Elteren,
Héi ass den Aktivitéitsprogramm fir d'Ouschtervakanz vum 03.04 - 14.04.2023 am SEA Groussgaass.
D'Kanner kënen sech an den jeweilegen Atelier'en unmellen.
Mir wënschen Ierch eng schéin Vakanz an schéin Ouschteren.
- Breedewee
Fotoen vun der Woch
Hei e puer Fotoen vun deser Woch :)
Et stungen vill verschidden Saachen um Programm, vun Bastelen bis hin zum Sport wuar alles dobai :)
Gebastelt gouf zum Thema Ouschteren, verschidden Ideen goufen emgesaat an eng schein Dekoratioun fir eis Säll as entstaanen.
Och sportlech wuaren eis Kanner gudd um Dill. Beim Laafen um Gaalgebierg gouf e bessen un der Ausdauer gefeilt an an der Lasep gouf den Emgang mam Ball traineiert.
Eng weider Challenge haaten d'Kanner beim Spill Guiness Records, wou sie hieren eegenen Rekord opstellen konnten an an villen Disziplinen hiert Talent beweisen konnten.
- Breedewee
Grand RuePROGRAMM - FUESVAKANZ
Léif Elteren,
Héi ass eisen Aktivitéitsprogramm fir d'Fuesvakanz vum 13.02.23 - 17.02.23 an der Maison Relais Grand-Rue.
Mir wénschen ierch eng schéin Vakanz.