Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Breedewee
Ekipp fir d'Schouljoer 2024/2025
Léif Elteren,
Dat ass eis Ekipp fir d'Schouljoer 2024/2025:
Eischt Réih vun lénks no riets:
Lutz Christiane: Agent socio-éducatif
Mathias Nathalie: Educatrice diplômée
Laranjeira Sharon: Chargée de direction
Zweet Réih vun lénks no riets:
Casagrande Cindy : Educatrice diplômée
Pepeljak Alan: Educateur diplômé
Pereira Lavinia: Agent socio-éducatif
- Breedewee
Kanalstrooss Highlander Grand RueOlympiad's-Woch
Dës Woch stungen d'Aktivitéiten an der Groussgaas ronderëm d'Thema Olympiad.
D'Kanner konnten sech asutoben, sech selwer erausfuederen, sëch geigensaiteg eraus fuederen esou wéi hier sportlëch Fähegkeeten wéiderentwéckelen :)Héi e puer Anbléck :)
- Breedewee
Beetebuerger Park
Haut hun ma en Ausfluch an de Beetebuerger Park gemaach, wou ma vill Deieren bestaunen konnten. Besonneg interessant wuaren d'Fliedermaus, vun deenen ma eis baal net fortrappen konnten. Och dei flott Spillplaazen hun eisen Beweegungsdrang gudd gefördert an mär konnten eis richteg austoben.
- Breedewee
Aktivitéitenplang - Summervakanz
Hei fann dir den Aktivitéitenplang vum 15. juli bis 19. Juli.
D'Equipe vum Breedewee wënscht ierch eng schéin Vakanz!
- Breedewee
Aktivitéitenplang - Summervakanz
Hei fann dir den Aktivitéitenplang vum 9. September bis den 13. September.
D'Equipe vum Breedewee wënscht ierch eng schéin Vakanz!
- Breedewee
Summerfest @ Breedewee
Haut wuar eist Summerfest am Breedewee wou mär zesummen mat de Famillien e scheinen Nometten verbruet hun. Niewend leckeren Mocktailen an gudder Pizza, konnten d'Kanner mat hiere Elteren, Grousselteren an Geschwester beim Bingo flott Praisser gewannen, Waasserpong spillen, sech beim Facepaiting eppes flottes an d'Geiit molen loossen an um Fotoshooting deelhuelen. Et wuar e flotten Nometten fir jidereen, deen mat engem gelongenen Optrett vun eisen Kanner op en Enn gung.
