Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Breedewee

    Summerfest @ Breedewee

    Haut wuar eist Summerfest am Breedewee wou mär zesummen mat de Famillien e scheinen Nometten verbruet hun. Niewend leckeren Mocktailen an gudder Pizza, konnten d'Kanner mat hiere Elteren, Grousselteren an Geschwester beim Bingo flott Praisser gewannen, Waasserpong spillen, sech beim Facepaiting eppes flottes an d'Geiit molen loossen an um Fotoshooting deelhuelen. Et wuar e flotten Nometten fir jidereen, deen mat engem gelongenen Optrett vun eisen Kanner op en Enn gung.


  • Breedewee
    Kanalstrooss Highlander Grand Rue

    Programm - Summervakanz

    Léif Elteren,

    Héi ass den Aktivitéitsplang fir d'Summervakanz vum 22.07 - 06.09 an der Maison Relais Groussgaas.

    Wichtëg: den 24/07/24 verbréngt dat ganzt Haus den Daag am Ellergronn fir en "Summer Camp".

    Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz :)


  • Breedewee

    Volleyballturneier C2

    Haut hun ma um Volleyballturneier vum Cycle 2 deelgehol, wou d'Maison Relais'en aus Esch geinteneen ugetrueden sin. No vill Training deen mat vill Spaas verbonnen wuar, kennen mär ganz houfreg op eis drëtt Plaatz sin an hun eis vill iwert eis Bronzemdaille gefreet :)


  • Breedewee
    Grand Rue

    MR-J Games 2024 Gewenner!

    D'Equipe vun der Maison Relais Breedewee an Groussgaass sinn d'Gewenner vun den MR-J Games 2024. Eis kleng Champions dierften dann och dei schéin Coupe mat an d'Maison Relais bréngen.

    Super geschafft an Gratulatioun!


  • Breedewee
    Grand Rue

    Rallye am Ellergronn

    Während 2 Deeg konnten d'Kanner un engem Rallye am Ellergronn deelhuelen an d'Natur spilleresch entdecken.


  • Breedewee

    Bikenight um Belval

    Haut haaten d'Kanner d'Meiglechkeet hier Geschecklechkeet um Velo auszeprobeieren an ze erweideren :) Mat vill Freed hun d'Kanner un verschiddenen Atelieren deel gehol.


Eischt Viregt Nächst Lescht