Turnhaal
D’Turnhal ass en Raum wou d’Kanner sech beweegen, ausliewen an hir Motorik duerch verschidde sportlechen Aktivitéiten weiderentwécklen kënnen. Dobäi fuerderen mir och d’Freed un Beweegung, Teamgeescht an Wuelbefannen. Donneschdes vun 14-16h proposéieren mir Aktivitéiten baséiert um Zesummen Aktiv, e Projet vum MENJE, deen eng Reih vu Praxisformen a kierperlechen Aktivitéiten ronderëm Beweegung regoupéiert. Dat ganzt gëtt duerch pädagogescht Material ënnerstëtzt an inspiréieren d’Kanner sëch aktiv ze beweegen.

