Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Bausall


De Bausall bitt de Kanner vill Méiglechkeeten, kreativ ze sinn, hir eegen Iddien
ëmzesetzen an selbststänneg ze léieren. Si kënnen fräi bauen oder sech u
Bauschemaen, klenge Bicher a Bildvirlage orientéieren, fir Konstruktiounen nozebauen.
Dobäi entwéckele si hiert raimlecht Denken, hir Ausdauer an hir Fäegkeet, Léisunge fir
Problemer ze fannen. Beim gemeinsame Bauen léiere si och, sech ofzeschwätzen an
sech géigesäiteg ze hëllefen.


Riets nieft der Entrée steet e grousse Materialschaf. Fotoen um Schaf an op de
Materialkëschten hëllefen de Kanner, d’Materialien ze fannen an se richteg
opzeraumen. De Schaf um bloen Teppech déngt gläichzäiteg als Raumdeeler. Déi kleng
Këschte kënnen op d’Plaze matgeholl ginn, wou d’Kanner bauen. A sechs Tiräng fanne si
Pappebecheren, magnetesch Baudeeler a faarweg Kapla-Staangen.


Lénks am Sall läit de groussen Bauteppech mat Kapla a Quarx. Hei entstinn Tierm,
Haiser a Brécken. Op den erhéichte Podester leien d’Kartongsbausteng an déi grouss
Lego-Bausteng aus Plastik, déi sech besonnesch fir méi grouss Bauwierker eegnen.
Den Autosteppech weist eng Stad a gëtt duerch Spillautoen an eng Garage ergänzt.


D’Kanner kënnen Verkéierssituatioune nospillen an hir eege Bauwierker an d’Rollespill
integréieren.
E gemittleche Sëtzberäich mat engem Canapé an zwee gemusterte Sëtzpoufen bitt Plaz
fir sech auszruen oder ze spillen. De grénge Pouf kann och als Réckzuchsplaz genotzt
ginn.


Um Dësch mat kineteschem Sand kënnen d’Kanner Formen gestalten a verschidde
sensoresch Erfarunge maachen. De LED-Liichtdësch mat klenge Plastikforme luet
dozou an, Musteren ze leeën a Faarwen a Forme kennenzeléieren.


Als Expertin fir de Bausall suergen ech fir eng iwwersiichtlech Uerdnung vum Material a
begleeden d’Kanner, ouni hinnen ze vill virzeginn. Ech beobachten hir Interessen,
ënnerstëtzen si bei Bedarf a ginn nei Ureegungen. Mir ass wichteg, datt si selwer
Entscheedunge treffen, Saachen ausprobéieren an eege Léisunge fannen. Am
Mëttelpunkt stinn net nëmmen déi fäerdeg Bauwierker, mee och d’Erfarungen,
d’Kreativitéit an d’Vertrauen an déi eege Fäegkeeten, déi beim Bauen entstinn.