Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Breedewee
    Papillon Highlander

    Kolonie zu Ënsber

    Kannerkolonie, en flott Erliefniss, eng kleng Vakanz ouni Elteren, ouni Hausaufgaben an firun allem ouni Stress. En klengen Grupp huet sech fonnt an Kanner hunn nei Frennschaften geschloss. Vun Lagerfeier, bis Schemm, bis Sënnesraisch fir all Gout waren flott pedagogesch Aktiviteiten ungebueden, suguer een Geburtsdaag vun engem Kand konnten mir zesummen zu Ënsber feieren.

  • Highlander

    Kleine Snacks, grosser Spaass am Ellergronn

    Mir waren en ganzen Mëtten am Ellergronn an hun Stockbrot an Marshmallow's gegrillt nodems all Kand sein Bengel geschnitzt huet. En riesen Spaass haten mir dobei an Wieder huet och zu eisem groussen Gléck matgespillt.

  • Highlander

    Parc Merveilleux

    Haut waren mir am Parc Merveilleux zu Bettebuerg an hun vill schéin Deieren gesinn an sinn niewenbei och nach en klengen Tour mam neien CFL Zuch am Parc niewend den Flamingos gefuer. 

  • Highlander

    Schëff Roude Léiw

    Mir sin fir eng flott Woch ofzeschleissen en klengen Tour mam Schëff zu Reimech gefuer. Mat dem gudden Wieder ass direkt Vakanzenfeeling opkomm.

  • Highlander

    Baggerwéier

    Flotten Daach mat Stand up Paddle, Booter an vill vill Sonn zu Remerschen op den Baggerwéieren

  • Highlander

    Veianer Schlass

    En Dennschten waren mir op Besuch zu Veianen am Schlass, do haten mir en Audio-Guide an hun vill neies geleiert an vill schéin Impressiounen gesammelt. Leider hunn mir och vill Schued um Wee fir dohinner gesin dei d'Iwerschwemmungen verursaacht hunn. Mir wënschen den betraffenen Famillen vill Courage an Kraaft

Eischt Viregt Nächst Lescht