Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kalenner

10.06: LASEP - Tchoukball Tournoi
17.06: LASEP - Tchoukball
19.06: LASEP - Escalade + Volleyball
24.06: LASEP - Tchoukball Tournoi + Piscine
26.06: LASEP - Cirque
Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Highlander

    Erzählwerkstatt @Highly

    Ween huet se net gären ... Geschichten. Als Kand hun mir se gären gelauschtert an awer och gären eis eegen Geschichten erfond. Genau dodremms as et bei eiser Erzählwerkstatt ganen.

  • Highlander

    Mit Steinen auf Zeitreise Ellergronn @HIGHLY

    Kanner vum Cycle 3 sinn den 26/01/2021 an den Ellergronn mam Paul Biel op eng nei Entdeckung gaangen an zwar "Mit Steinen auf Zeitreise". Mir soen him Merci fir all di flott Aktivitéiten di eis virbereet gin an di super Zäit wou mir zesummen verbréngen.


  • Highlander

    Mier leieren äis Beem kënnen@Highly

    Bei eisem leschten Besuch am Ellergronn, hunn mir ganz fill iwwert äis Beem geleiert.

  • Highlander

    Ellergronn am Schnéi @Highly

    Den Cycle 2 vun der Maison Relais Highlander sinn déi per läscht Freideger den Mëtten an den Ellergronn gaangen. Deen daach ass sou fill Schnéi gefall, dass d'Kanner zimmlech fill vum Schnéi profitéiert hunn an och den Bësch mol ganz wäiss gesinn hunn. D'Kanner hunn sech wei an engem mageschen Land gespuert. D'Fotoen schwätzen warscheinlech scho fir sech.

  • Highlander

    Theaterstéck : Achterbunn vun Gefiller

    D’Erzéier hunn sech mat de Kanner zesummen gesat an  mat hinnen beschwat weieng Emotiounen et ginn an duerch wat een des ausléisen kann.
    D’Kanner hunn sech an Gruppen zesummen gesat an probéiert sech en Theaterstéck z’iwerleen wou di meeschten Emotiounen dran virkommen. Sie hunn probéieren missen des Emotiounen gutt auszedrécken.
    Zum Beispill: den Alldag vun engem Meedchen an hirem Alter, wat sech mat sengen Elteren streit an dowéinst rosen ass, sech an der Schoul mat den Frëndinnen ameséiert an frou ass, sech an en Jong verléift an traureg ass well et en schlechten Test erëmkrit.
    D’Kanner konnten dunn den Theaterstéck virun deenen Aneren virdroen andeems se sech verkleeden an alles esou duerstellen wie et am Theaterstéck erzielt gëtt.
    Nom Theaterstéck hunn mir d'Emotiounen duerchgeholl déi et ze gesinn gouf.

Eischt Viregt Nächst Lescht