Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Papillon Highlander

    Stand Up Paddle

    Haut hun mir bessen Sport um Baggerweier gemaach, Stand up Paddle ass en mix tescht Surfen an Kayak an kennt ursprünglech aus Hawaï. Noh puer Minutten haten dei meescht den drei schon raus an konnten op hierem Bried gudd d'equiliber haalen an sech fortbeweegen oder besser gesot paddelen ;-)

  • Breedewee
    Papillon Highlander

    Klengen Abléck an Sportart BOXEN

    Haut kreien Kanner aus dem Cycle 3 an 4 eng Initiatioun vun der Sportart Boxen vun engem jonken Escher Boxer gemaach. Vill Konzentratioun an Koordinatioun waren gefrot, d'Ausdauer huet och net dierfen feelen well dei ass och gefrot bei deser intensiver Sportart. 
    Merci dem Dwayne fir deen flotten moien, den Menu Surprise vun eisem Kach hun mir eis haut mei wei verdingt.

  • Breedewee
    Papillon Highlander

    Kolonie zu Ënsber

    Kannerkolonie, en flott Erliefniss, eng kleng Vakanz ouni Elteren, ouni Hausaufgaben an firun allem ouni Stress. En klengen Grupp huet sech fonnt an Kanner hunn nei Frennschaften geschloss. Vun Lagerfeier, bis Schemm, bis Sënnesraisch fir all Gout waren flott pedagogesch Aktiviteiten ungebueden, suguer een Geburtsdaag vun engem Kand konnten mir zesummen zu Ënsber feieren.

  • Highlander

    Kleine Snacks, grosser Spaass am Ellergronn

    Mir waren en ganzen Mëtten am Ellergronn an hun Stockbrot an Marshmallow's gegrillt nodems all Kand sein Bengel geschnitzt huet. En riesen Spaass haten mir dobei an Wieder huet och zu eisem groussen Gléck matgespillt.

  • Highlander

    Parc Merveilleux

    Haut waren mir am Parc Merveilleux zu Bettebuerg an hun vill schéin Deieren gesinn an sinn niewenbei och nach en klengen Tour mam neien CFL Zuch am Parc niewend den Flamingos gefuer. 

  • Highlander

    Schëff Roude Léiw

    Mir sin fir eng flott Woch ofzeschleissen en klengen Tour mam Schëff zu Reimech gefuer. Mat dem gudden Wieder ass direkt Vakanzenfeeling opkomm.

Eischt Viregt Nächst Lescht