Infos parents
Kalenner
14.04: LASEP LüWand
21.04: LASEP C1
21.04: LASEP Gymnastique
23.04: LASEP C2+C3
28.04: LASEP Schwemm C2+C3
Neiegkeeten
- Brouch
Äppel um Still
Fir Kleeserchersdag hunn mir, zesumme mam Ramka, kandéiert Äppel wéi op der Kiermes gemaach. Heibäi hu mir sou laang geschafft bis fir all Kand aus der Maison Relais ee kandéierten Apel fir z‘iessen do war. Duerno hunn mir des all zesummen als Schneekegkeet um 4 Auer genoss.
Sou mécht de Wanter Spaass ! - Brouch
Besuch vum Ehrenmann an der MR Galaxie
Besuch vum Ehrenmann dem Kleesche (04.12.2018)
Voller Virfreed hunn mir haut op sie gewaart.
De Sall war gutt gefëllt an d‘Kanner konnten et kaum erwaarden.
Kuerz no 16:00 war et dunn endlech souwäit ! Se waren do !
De Kleeschen an den Houseker hunn de Wee an d‘Maison Relais Galaxie fonnt.
Se sinn net mat eidelen Hänn komm , mais haten och nach leckere Schockela, Kamellen an Nëss fir all d‘Kanner dobäi.
Rutte sinn et natierlech och ginn.
Awer dovu schwätze mir mol léiwer net a mir genéissen eise gudde Schockela. - Brouch
Engelcher fir de Chrëschtbämchen
Mir hunn weiderhin fir eisen Wantermaart gebastelt an desserkéier hunn mir flott Engelcher gemach fir un de Bämchen ze hänken. - Brouch
Filmmetten als Oofschloss vun der Woch
all Freiden nomëtten, leeft am Freestyle en Film fir d’kanner. Do kennen se sech entspannen & en Relaxen sprong an den Weekend maan.
Leschten Freiden hun mer « Grosse Haie, kleine Fische » gekukt, haut war « Vaiana » um tuer ☺️
