Hoffen et geht Iech alleguerten gut an sid bei gudder Gesondheet. Heimat proposeiern mir Iech e flott Spill fir d´Zeit mat Äre Kanner mei flott ze gestalten.
Dest Spill nennt sech: Ertaaschten vun Geigenstänn. Dofir brauch Dir en klenge Säckelchen am beschte Fall, oder awer och eng Kescht, wie Dir et um Bild gesid (zum Beispill eng Schungkescht) wou Dir dann awer nach musst e Lach ausschneiden sou dass d`Kand mat senger Hand duerchkent, fir an d`Kescht ze graifen. Dono kenn Dir flott Geigestänn aus dem Haushalt eraussichen an dei an d`Kescht oder an de Säckelchen ran leen. Ganz flott sin zum Beispill: e Ball, en Ouschterhues, e Kachläffel, e Petzi, e Legossteck, eng Wuerzel... Do Ass der Fantasie freien Laaf geloss. Befir Dir d`Geigestänn an d`Kescht macht, ass et gut wann der Ärem Kand d`Saachen weißt die Dir erausgesicht hud, an gleichzeiteg a verschiedene Sprochen (multilingual) benennt. Voller Spannung kann Ärt Kand elo an d`Kescht oder an de Säckelchen graifen an erroden wat de Geigestand ass.
Mir wenschen Iech ganz vill Spass dobai, schein Ouschteren an bleiwt gesond.
Am Kader vun eisem Bak- an oder Kachatelier sinn dësen Dënschden Wirschtecher a Kéis am Bliederdeegmantel um Programm. Hei kënnen d'Kanner hir Collatioun fir mëttes selwer maachen. et huet eis och all ganz gutt geschmaacht.
De Grupp Peter Pan huet zesumme mat de Pappe gefeiert. D'Kanner hu Pizza gemat an dono zesumme mat de Pappe gefruppst. Mär haten och e klengt Lidd ageprouft an e selwergemate Schlesselunhänger verschénkt. et war e flotte Nomëttech a jidderee wat zefridden.
Den Groupe Tweety war ganz fleisseg fir Ouschterzäit. Et gouff gebastelt, Eeer gefierwt an gesongenan den Groupensall gouff matt den Kanner zesummen fir Ouschteren an d'Fréijoër dekoréiert.