Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Parc Laval
Mammendaag
Als éicht hunn mir iwert aisen Mammendaagscadeau geschwaat. Ech hunn dën Kanner erkläert, wat d'Bedeitung vun Mammendaag ass, dass mir der Mama en schéinen Cadeau maachen fir hieren Daag.Déi éicht Etapp war, dass mir dën Haaptcadeau gebastelt hunn. Dëst Joer hunn mir ais geduet, dass mir der Mama en schéint Schietesch gestalten. Also lass! Ais speziell Texttilfaarwen mat Glitzer äus dem Schaaf geholl, an schon ass et lass gaangen.All Kand kruut säin eegent Schietesch fir d'Mama. Ech hunn d'Kanner gefroot, an sie hunn mir hierer Mamm hier Lieblingsfaarwen gesoot. Dorobber baséiert, hunn sie dunn mat dën Hänn an mam Pinsel d'Schietesch no hierem Goût gemolt. Wou alles drëschen war, hunn ech d'Schietescher mat heem geholl fir eemol ze strecken, fir d'Faarw ze fixéieren.Aisen zweeten Deel vum Cadeau war dann eng flott Kaart. Fir déi ze bastelen, hunn mir een Blaat geholl, dat ech dann ë puer mool gefaalt hunn. Bannen hunn mir een Männchen gemoolt oder och en Häerz, wou d'Kand soll duerstellen. Bäußen ass dën Oofdrock vun hieren Hänn dropkomm. Wann een d'Kaart dann opmëcht, gesäit et äus wéi wann den Männchen d'Äerm ganz grouß opmëcht an weist, wéi frou en mat der Mama ass. Deemno wéieng Sprooch d'Kanner doheem mat der Mama schwätzen, hunn mir bannen an d'Kaart geschriwen, Mama ech hunn dech esou gäer (polnesch, franséich, portugiesesch, lëtzebuergësch).Zum Schluss hunn mir dunn nach eng schéin Verpackung gebräucht fir aisen Cadeau. Also hunn mir en groußt Blaat geholl an mat engem Stempelschwamm an Faarw aisen Cadeauspabeier personnaliséiert.
Zu gudder läscht dann nach eng flott Gruppenfoto zësummen am Park, an dann hunn mir dën Cadeau prett agepaack.
Awer psssscht! näicht der Mama soen, bis zu hierem groußen Daag.
Schéinen Mammendaag! - Parc Laval
Salame de chocolate lo
Fir d'alleréicht hei mool aist Rezept fir selwër äuszeprobéieren :-)Mir hunn geholl:- 150 Gramm Botter
- 250 Gramm Petit Beurre Kichelcher
- 150 Gramm Zocker
- 125 Gramm Kakao
- 1-2 Eeër
- Vanillezocker (optional)
Fir d'éicht hunn mir d'Kichelcher an enger Schossel kleng gemaach (dofir hunn mir Hännchen ugedoen).An enger zweeter Schossel hunn mir dën Zocker, Vanillezocker, Kakao an dën Botter dran gemaach. Dann dat ganzt mam Mixer gutt duechréieren. Dann kommen d'Kichelcher äus der éichter Schossel dobäi, an déi ganz Mass gëtt nach eemol gutt duechgeréiert.
Äus der fäerdëger Mass maachen mir dann, mat Hëllëf vun Sëlwerpabeier (Foto), eng déck Rull.
Nach ë beëssen Gedold mussen mir awer hunn, well elo muss d'Rull nach fir 2-3 Stonnen an den Frigo.
Dann ass aisen Kuch och schon fäerdeg! Mir schneiden d'Rull an Stécker an kënnen dën Salame de Chocolate endlech schmaachen.
Bon appétit! - Parc Laval
Mir genéissen déi éicht Sonnestraalen op der Spillplaatz
Haut war, no engem laangen Wanter, endlech ee wonnerschéinen Fréihjoersmueren. Dofir hun mir ais mat Zäiten op den Wee gemaach, fir d'Sonn ze genéissen. Mir sin op ais cool Spillplaatz spazéiert, bei der Jean-Jaurès Schoul.
Mir sin geklootert, gerutscht, geklunscht,hun och nach ë puer Turnübungen gemaach, an d'Sonn an aisem Gesiicht genoss.
Dobäi sin dei witzechst Fotoen entstaanen. - Parc Laval
Yoga fir Kanner
Haut den Mëtten hun mir vum gudden Wieder profitéiert, fir ais Yogastonn am Park ze maachen.
Mir hun ais Käertecher mat eraus gehol.
Zesummen hun mir dann gekukt, wéieng Übungen mir Loscht hun ze maachen.
All Kéiers konnt een aanert Kand déi nächst Übung virweisen.
D'Kanner hun d'Übung dann nogemaach.
All Übung heescht aanecht, zum Beispill dën Léiw: do sëtzen mir op den Knéien an strecken och d'Zong eraus.
Bei enger aanerer Übung stin mir op engem Been an versichen d'Balance ze haalen.
Zum Schluss hun mir ais op den Buedem geluecht an hun den Villercher nogelauschtert.
