Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Parc Laval

    Projet : Mier saen verschidden Somen an zuechten

    Un Hand vun klengen Gewaechsheiser , Somen, Aerd , Wasser setzen mier verschidden Uebst, Gemeis an Pflanzen. 

  • Parc Laval

    EI, ei, ei, dën Ouschterhues war hei!

    Ei, ei, ei, dën Ouschterhues war hei!

    Dën Mueren war wéi versprach dën Ouschterhues hei. Mir sinn lues zur Dier erakomm, an tatsächlëch: dën Dësch war gedeckt. Et waren grouß Chocolats Ouschterhuesen um Dësch, eng lecker Brioche an Form vun engem Huesi, Chocolatseeër an ais Eeër, déi mer ë Freiden gefierwt haaten.

    Mir hunn ais all zësummen un dën Dësch gesaat an hunn ais dën leckeren Kichelchen gutt schmaachen gelooss, mmmmmh!

    Noom Iessen sinn mir dann ais gebastelt Näschter kucken gaangen, déi waren och gefëllt mat läuter leckerem Ouschterchocolat.

    Merci léiwen Ouschterhues, dass du däin Verspriechen gehaalen hues, an bis nächst Joer!
    Schéin Ouschteren!

  • Parc Laval

    Aist Ouschternascht

    Haut hunn mir ugefaangen, aist Ouschternascht ze bastelen. Mir hunn mat Hëllef vun enger klenger Pompel aisen Loftballon opgebloosen. Dann hunn mir aisen Ballon op eng Schossel gestallt, fir dass en ais net fort rullt. Mir hunn Krepppabeier an Stécker gerappt, läuter verschidden Faarwen déi mir ais firdrun nach äusgesicht hunn. Mat Pinsel an Colle hunn mir dann den Ballon bepinselt, an den Krepppabeier drop gedréckt. Wéi aisen Ballon dën Daag duerno drëschen war, an mir dran gepickt hunn fir dass d'Loft eräusgeet, hunn mir leider missen feststellen dass et net dën richtëgen Colle war. Dën Ballon ass nämlëch pechen bliwwen, an aist Wierk ass an sech zësummengefall.

    Also hunn mir nach eemol missen vun fiier ufänken!

    Dës Kéier hunn mir Paap mat Waasser opgeréiert. Dunn hunn mir Zeitungspabeier gerappt, well den méi stabil ass wéi dën Krepppabeier. Alt erem déi selwëcht Prozedur wéi beim Colle: Paap op dën Loftballon, Zeitungspabeier drop gepecht, an gehofft dass et dës Kéier geklappt!

    Dën Daag duerno hunn mir ais Acrylfaarwen äusgesicht, an aisen Zeitungspabeier domat bemoolt an denen schéinsten Ouschterfaarwen.
    Nach een Daag méi spéit war d'Spannung grouß! Mir hunn mat enger Nool an den Loftballon gepickt, uff et huet geklappt! Mir haaten aist Ouschternascht.

    Wat dën Ouschterhues elo domat mëcht, ginn mir dën 29. Mäerz gewuer...

  • Parc Laval

    Op der Spillplaatz, do ass et flott!

    Haut war een richtëg flotten, sonnëgen Daag. Dofir hunn mir ais dën Mueren schnell prett gemaach, fir bei deem wonnerschéinen Wieder eräuszekommen. D'Sonn huet geschengt, an dat am Februar!
    Haut sinn mir mool op déi flott Spillplaatz an der Géigend vun der Jean Jaurès Schoul gaangen. D'Kanner waren schon opgereegt an et ass hinnen net schnell genug gaangen fir unzekommen. Direkt wou mer ukomm sinn, hunn d'Kanner sech um Spillgerüst verdeelt. Deen een wollt rutschen, deen aaneren léiwer schaukelen, mais mir haaten all ganz vill Spaass. Nach dobäi hunn mir wonnerschéin Fotoen gemaach, déi elo bei ais am Gank hänken. Um Wee fir zeréck, waren sie midd an äusgepowert. Wat en flotten Mueren!


  • Parc Laval

    Parc Laval am Schnéi

    Uiii haut ass et endlëch esou wäit, et huet geschneit. An och esou vill dass mir am Schnéi spillen können. Also hunn mir ais séier préparéiert, ais gutt waarm agepaack, an sinn eräus an aisen Park gaangen.
    Mir hunn mat dën Kanner Schnéiklatzen gemaach, an sie hunn Schnéiengelen gemaach. Mir sinn duech den Schnéi gaangen an hunn geläuschtert, wéi gutt dën frëschen Schnéi knirscht wann een doduech trëppelt. Duerno ass et esou kaal ginn, dass mir schnell erem erangaangen sinn an ën waarmen Schoki gedronk hunn.

  • Parc Laval

    Dën Kleeschen ass komm!

    Dën Mueren war d'Spannung grouß. Mir hunn dën Kanner dën Daag firdrun gesoot, dass dën Kleeschen an der Nuecht géiw baacken. Heen géiw ais dann ën leckeren Boxemännchen matbrengen wann mir ganz brav sinn, an vläit och ë bëssen Chocolat a Kamellen.

    Mir hunn ë puer Deeg firdrun schon ë Kiewchen gebastelt, fir wann dën Kleeschen kënnt: dass heen och weess wou all Kand säin Chocolat soll stoen.

    Dunn war dën Daag schon do! D'Kanner hunn sech fierun der Dier vum Sall versammelt, an sinn voller Fiirfreed eragaangen. Sie konnten hieren Aaën net trauen: dën Kleeschen ass dach tatsächlech iwer Nuecht an d'Crèche komm, haat wieklech Boxemännecher gebaack, huet hinnen dën Dësch gedeckt an och nach hieren Kiewchen mat Chocolat gefëlllt.

    Duerno hunn mir dann all zësummen dëm Kleeschen säin Gebäck geschmaacht, mmmmmmmh lecker!
    Merci léiwe Kleeschen! Du häls Wuert!


Eischt Viregt Nächst Lescht