Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Infos parents

Kalenner

16.04: Lasep Fechten
21.04: Lasep Lü Wand
05.05: Lasep Piscine
07.05: Lasep Zirkus
21.05: Lasep Taekwondo
Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Bei de Fliedermais

    Grouss Bak Projet FINAL

    Hei de Video zu eiser Grousser Bak Projet FINAL,

    d'Kanner hunn an Zesummenaarbecht mat den Educatricen Veronique an Anais et ganzt Schouljoer 1x Woch gebak,
    do goung et net nëmmen drëms en Kuch ze Backen an duerno Ziessen, am Géigendeel d'Kanner goufen drop preparéiert
    en Kuch am Enn vum Schoul Joer komplett selbstänneg ze Baken ouni Hëllef vun den Educatricen.

    Aus dem Projet sinn 2 Ekippen entstanen, an dunn war et esouwäit... FINAL stoung virun der Dier.
    All Ekipp huet sech Zesummegedoen an se hunn decidéiert welchen Kuch se wëllen Baken an Jury wëllen Begeeschteren mat der Optik souwéi den Goût vun hire Bakprojet.
    D'Jury war komplett onofhängeg a war ganz STRENG...am Enn vun der FINAL huet et missen e Gewënner ginn, mee souvill sief gesot d'Jury huet sech richteg schwéier gedoen well et war Fantastesch wat d'Kanner gebak hunn an huet net schlecht Gestaunt.

     


  • Bei de Fliedermais

    Imagefilm vun der Stad Esch vir de Service Maison Relais

    Maison Relais Fliedermais huet en Imagefilm vir Stad Esch produzéiert/realiséiert.

    De Beruff vum Educateur ass net nëmmen e Beruff vir op Kanner opzepassen mee en ass vill méi villfälteg wei geduercht...
    Dëse klengen Film gëtt en realisteschen wei och flotten Abléck an d'Aarbecht vum Educateur

    Hei klicken vir de Video zekuken


  • Bei de Fliedermais

    Radio Babbel "CHAOS" SENDUNG op 87.6FM "Sendung 9 " 10.12.2018

    Haut eng méi oder manner Chaotesch awer witzeg Sendung....lauschtert eran ;-)

    Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

    Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

    D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

    RADIO BABBEL op 87.6FM

    "Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"



  • Bei de Fliedermais

    Radio Babbel SENDUNG op 87.6FM "Sendung 7 " 3.12.2018

    Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

    Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

    D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

    RADIO BABBEL op 87.6FM

    "Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"


  • Bei de Fliedermais

    Advent... Advent....

    Och dës Joer hunn mir an eisem Wanter Atelier den Elteren Méiglechkeet ginn sech bei ons en Adventskranz ze bestellen, dëst huet en groussen Succès mat sech bruecht.

    Mir soen eisen Elteren e groussen Merci vir déi flott Ënnerstëtzung.

     

    Produkt Fotografie ass an eegen Regie entstanen an eisem Studio vun eisem Kreativen Studio Team.


  • Bei de Fliedermais

    Radio Babbel "SPEZIAL Madame Lutz" SENDUNG op 87.6FM "Sendung 7 " 28.11.2018

    Haut zu Gaascht d'Madame Lutz Nicole & den Herr Zimmer Laurent, a wisou mir eng Spezial Sendung aberuf hunn .....lauschtert eran ;)

    Vill Spass an nachengkeier der Madame Lutz alles guddes gewënscht.

    Impressiounen op Toun, Foto a Video...



    Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner Anaïs & Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO BABBEL" an der Maison Relais Fliedermais.

    Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.

    D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.

    RADIO BABBEL op 87.6FM

    "Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"


Eischt Viregt Nächst Lescht