All News

Radio Galaxie 87,6Fm matt der Mme. Mandy Ragni Cheffen vun der Staat Esch zu Gaascht
25.06.2018Bei de Fliedermais
Haut haten mir Mme. Mandy Ragni Cheffen vun der Escher Gemeng zu Gaascht an huet op all eis Froen geäntwert.
Merci villmools nachengkeier et war ganz flott.
Zweemol an der Woch während der Mëttegstonn hun puer Kanner an den Kevin eng Intern Radio Sendung "RADIO GALAXIE" an der Maison Relais Galaxie.
Während der Sendung bestëmmen d'Kanner weiéng Musek gespillt gëtt an Informéieren hier Kollegen iwwert Aktualitéiten/ Projet'e asw... an der Maison Relais.
D'Sendung gëtt LIVE aus eisem Eenzegaartegen Schalldichten Studio, iwwert all eis Radio'en an der Maison Relais op 87,6 FM ausgestraalt.
RADIO GALAXIE
"Den éischten Internen Maison Relais Radio zu Lëtzebuerg"

Schokopizza mam Jérôme
18.06.2018Brouch
Zesummen mam Jérôme hun mir am Atelier Kichen lecker Schokopizza gemaach. Heifir hun mir eist Rezept geholl, semtlech Zutaten zesummen geluecht, eis Henn gewesch, an zack ass et lass gaangen. Als d'éicht hun mir d'Zutaten wëi Mierl, Zocker, Kakao, Waasser, Hierf, Salz, .. oofgemooss an alles zesummen an eng grouss Schossel gemaach. D'Zutaten an der Schossel hun mir matt eisen Henn zu enger Bull Deeg verschafft. Duerno hun mir den Deeg e bësschen am Frigo goen geloss, ëiert mir en ausgerullt hun. Nom Ausrullen hun mir gudd vill Nutella dropp gemaach an allerlee Sëisses. ZUMOOLS GANZ VILL SCHOKOLA. Daat Ganzt hun mir zirka 15 Minutten am Scheffchen baaken geloss ëiert mir eis lecker Schokopizza zesummen giess hun wëi se nach gudd waarm war.

Wochenprogramm 18.06.-22.06.2018
18.06.2018Brouch
WM Woch 1
Mëinden :
13:00-13:30 "Eisen groussen WM Fussballmatch" mam Nadine (Atelier Haff)
Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Nadine
14:00-16:00 "LASEP CYCLE 2+3 mam Soraya THEMA CAPOEIRA
14:00-16:00 "Mir baaken WM Kuch EDITION 1" mam Karin (Atelier Kichen)
Mëttwoch :
13:00-13:40 "Mir maachen eisen eegenen WM-Fussball" mam Cathy (Atelier Konscht)
13:00-13:30 "Ech erzierlen dir eng Fussballgeschicht" mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm)
Donnechden :
14:00-16:00 "Mir bastlen een Fussballterrain" mam Soraya (Atelier Konscht)
14:00-16:00 "Mir maachen eis een brasilianechen alkoholfreien Caipirinha" mam Christiane (Atelier sortie + Atelier Kichen)
14:00-16:00 "Sportquiz" mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm)
Freiden :
13:00-13:40 "Mir maachen eisen eegenen WM-Fussball ferdech" mam Cathy (Atelier Konscht)
16:00-18:00 "Mir baaken WM Kuch EDITION 2" mam Karin (Atelier Kichen)

À Table!
15.06.2018D'Up Foundation huet haut eng Table ronde organiséiert, déi virun der Gemeng stattfonnt huet. Derbäi waren ënnert Anerem de Buergermeeschter Georges Mischo, de Conseil Echevin, d'Responsabel vum Schoulservice (Chantal Schoettert), de Responsabele vun de Maison Relaisen (Laurent Zimmer) a Leit aus verschidde Beräicher (Erzéiung, Konscht, Wirtschaft, ...) Aus deem Treffen si vill flott Iddien entstanen. Am Unhang fannt Dir ee Link mat weider Informatiounen an och vill flott Fotoen.
upfoundation.lu/up-projects/

Eisen Wochenprogramm 11.06.-15.06.2018
11.06.2018Brouch
Mëinden :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Ramka
14:00-16:00 "Bastelspaass" mam Karin (Atelier Konscht)
15:00-16:00 "Ech lauschteren dir no" mam Lejla (Atelier Bicherwuerm)
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Relaxatioun / Yoga" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
Donnechden :
14:00-16:00 "Mir maachen SCHOKOPIZZA" mam Jérôme (Atelier Kichen)
14:00-16:00 "Bastelspaass" mam Jessica (Atelier Konscht)
15:00-17:00 "Kulturbauen" mam Venancio (Atelier Chantier/Bauatelier)
Freiden :
16:00-18:00 "Teamspiller" mam Karin (Atelier Haff, bei schlechtem Wierder am Beweegungssall)

Eisen Wochenprogramm 04.06.-08.06.
04.06.2018Brouch
Mëinden :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Cathy
14:00-16:00 LASEP CYCLE 2+3 (Mini Foot au Stade Lankelz) mam Nadine
14:00-16:00 "Mir baken lecker" mam Lejla (Atelier Kichen)
15:00-16:00 "Mir erroden Geräischer an schreiwen/zeechnen se op" mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm)
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Relaxatioun / Yoga" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
Donnechden :
14:00-16:00 "Sortie pédagogique PARC LAVAL" mam Cathy + Jessica (Atelier Adventure)
14:00-16:00 "Waasserspiller" mam Soraya (Atelier Haff)
Freiden :
16:00-19:00 : GROUSST SUMMERFEST vun den Maison Relais'en Galaxie & Highlander (Thema ICE CREAM) mat Sprangschlass, Gegrills, Gedrénks, Musek, Spiller, Paangecher, Soft Ice, asw. AN natierlech mat der beschter Stëmmung


Mir besichen den Déierenpark um Galgenbierg
15.05.2018Lallange
En Dënschden, den 15. Mee , sinn mir mat den Kanner aus dem Cycle 1 an dem Cycle 2 den Déierenpark um Galgenbierg besichen gaange.

Eisen Wochenprogramm 14.05.-18.05.2018
11.05.2018Brouch
Mëinden :
12:00-14:00 "Ech erzierlen dir eng Geschicht" mam Nadine (Atelier Bicherwuerm)
Dënschden :
14:00-16:00 LASEP CYCLE 1 mam Venancio
14:00-16:00 Sortie pédagogique "Mir gin an den Bësch" mam Cathy (Atelier Sortie)
14:00-16:00 "Pimp my Maison Relais : Bubble Biller" mam Soraya (Ateier Konscht)
15:00-16:00 "Quiz : Ech sin schlau" mam Jérôme (Atelier Bicherwuerm/Bibliothëik)
Mëttwoch :
12:00-14:00 "Relaxatioun / Yoga" mam Christiane (Atelier Bicherwuerm)
Donnechden :
13:45-17:45 "Olympiad mam Shorty an der Coque" fir C1 an C2 mam Soraya an Jérôme (Atelier Sortie)
14:00-16:00 "Projet Emgang mam Hond" mam Christiane an Venancio (Atelier Sortie)
Freiden :
12:00-14:00 "Eisen Danz fir d'Summerfest 2018" mam Soraya an Lejla (Atelier Expressioun)
16:00-18:00 "Mir gin schwammen" mam Cathy an Ramka (Atelier Adventure)
16:00-18:00 "Handlettering, dëi modern Calligraphy" mam Jérôme (Schreiwatelier an der Bibliothëik)
16:00-18:00 "Teamspiller" mam Karin (Atelier Haff)

Konschtatelier on Tour : Visite Lankelz
08.05.2018Brouch
Eng Grupp Kanner haat d‘Mëiglechkeet desen Dënschden 08.05. d‘Konschtausstellung Lankelz kucken ze goen. Des as an engem aalen Haus daat matt neien Lierwen anhand vun Biller, Skulpturen, Statuen, etc. gefëllt gëtt.
Heibei haaten mir eng privat visite guidée vun 14:00 bis 15:15
