Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Breedewee
Kanalstrooss Highlander Grand RueAndréck vun den éischte 2 wochen
An schon sinn déi zwou eischt Wochen vun der Summervakanz em :)
Déi éischt Woch vum Summer hunn mir eis op Adventures ageloos: mir hunn geléiert dobaussen ze kachen, sinn Mountainbike fueren gaangen, hunn en Besuch bei den Scouten gemeet, hunn eng réih un sportlëch Aktivitéiten gemeet fir eis och mol kënen gut auszetoben.
Déi zweet Woch vun eiser Vakanz, hunn mir eis vum villen Reen nët ofschrecken geloos an konnten villes ronderem Thema vun der Natur an den Déieren maachen.
Mir hunn un engem Naturbingo deel geholl, hunn gebastelt, gebaak, geléiert wéi een Botter selwer mecht an mir waren am Beetebuerger Park.
Héi hudd dir en puer Andréck vun deenen 2 Wochen :)
- Grand Rue
Programme vacances d'été - Septembre
Chers Parents,
Voici le plan d'activités pour les deux dernières semaines des vacances d'été en septembre.
Nous vous souhaitons une bonne vacance!
Bien à vous
- Breedewee
Kanalstrooss Highlander Grand RueSummervakanz - Programm 2023
Léif Elteren,
Héi ass den Programm fir d'Summervakanz an der Maison Relais Groussgaas.
Mir wënschen eng erhuelsam Vakanz :)
Léif Gréiss,
- Breedewee
Grand RueProgramm Paischtvakanz 2023
Léif Elteren,
Héi ass den Programm fir d'Paischtvakanz an der Maison Relais Groussgaas.
Mir wënschen ierch eng erhuelsam Vakanz.
Léif Gréiss, - Breedewee
Grand RueReckbleck op dei zweet Woch vun der Ouschtervakanz
Och dei zweet Woch stungen vill verschidden Aktivitieten um Programm. Hei e puer Fotoen vun deenen coolsten Aktiviteiten :)
- Breedewee
Grand RueEischt Woch Ouschtervakanz mat vill flotten Aktiviteiten
Dei eischt Woch vun der Ouschtervakanz wuar fir keen langweileg. All Dag stungen flott Aktiviteiten mat vill Ofwiesselung um Programm :
- zum Thema Ouschteren gouf gebastelt an gemolt, et goufen Eeer gefierwt an och eng Eeersich stung um Programm
- d'Kanner hun d'Stroossen vun Esch e bessen propper gehaalen an beim Besuch am Recyclingzenter hun sie dei richteg Mülltrennung geleiert
- zesummen gouf e Brunch prepareiert an jidereen konnt seng Kachkenscht enner Beweis stellen
- am Kletterpark zu Diddeleng konnten sie Tarzan spillen :)
- Fussball konnt souguer um groussen Terrain gespillt gin, wou sie och hannert d'Kulissen kucken konnten an nei Informatiounen gesammelt hun
- zu Capellen hun sie eng nei Spillplaaz entdeckt an haaten vill Freed beim Fraispill
- am Policemusée hun sie och vill nei Entdeckungen gemaach an konnten sech an d'Roll vum Polizist eran versetzen
- Velo fueren
- Geocaching zu Monnerech