Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Grand Rue
Wocheréckbleck 06.11 - 10.11
Vakanz ass eriwwer an den normale Schoulalldag geet erëm un. Wärend der Vakanz konnte Kanner profitéiere vir an Kolonie op Ënsber ze goen. Kanner haten dann d´Meiglechkeet, déi festgehale Momenter an Erliefnisser aus der Kolonie wärend enger Aktivitéit an engem Fotosalbum ze sammelen.
Direkt Méindes no der Schoul konnte Kanner dann och iwwert hier Vakanz schwätzen an erzielen, wat si esou Schéines gemaach hunn. Vir Beweegung war och erëm gesuergt. Kanner sinn an LASEP gaange wou si a verschiddenen Ateliere verschidde Sportaarte maache konnten. An der Maison Relais selwer hu mer Zombie Ball, a Sport am Setzen ugebueden, wou Kanner sech austobe konnten. Donneschdes huet sech Geleeënheet ugebueden, eng kleng Sortie an frësch Loft mat de Kanner ze maachen. Och un eise Projete gouf weider geschafft. An der Talentshow komme mer elo an déi 3. Ronn an et sinn nach weiderhi ganz vill Talenter dobäi. Och de Museksprojet leeft weiderhi richteg gutt a Kanner kennen hirer Kreativitéit freie Laf loossen. Och un der Gebäerdesprooch gouf weider geschafft a Kanner maache scho super Fortschrëtter. Et gouf och en neie Projet lancéiert, nämlech den Upcycling Projet. An dësem Projet gi momentan aus Palette Canapéen gebastelt vir op eis Terrasse am Summer. Vir Wuelbefanne gouf natierlech och gesuergt. Relaxatioun a Yoga stoungen um Plang, wei och Massagen. Hei konnte Kanner da gutt entspanen an e bëssen vum Alldagsstress Ofstand huelen.
An 6 Wochen ass Chrëschtdag!!! Héich Zäit vir mat der Chrëschtdagsdekor unzefänken. Ideen goufen der scho vill gesammelt, elo gi se dann ëmgesat.
- Grand Rue
Wochenréckbléck 23.10 - 27.10
Och des Woch war rëm gefëllt mat villen flotten Aktivitéiten. Et gouf u villen Projete weider geschafft ewéi um Emotiounenprojet, Gebärdensproochprojet, Talentshow, Museksprojet a villen méi. Och aner Aktivitéiten ewéi Quizzer, Gesellschaftsspiller, Baukonkuer, Relaxatioun, Bicher liesen, Zombie Ball goufen ugebueden. Mäer sinn och bei der Halloween Deko sou lues beim Schluss ukomm. Eis Maison Relais gouf an e coolt Spuukschlass dekoréiert. Wärend der LASEP konnten d´Kanner hier Energie eraus loossen an hu sech gutt beim Fräispill ameséiert. Zum Schluss vun der Woch konnte Kanner konnten dann zuguer eege Kürbisse schnitzen a si konnten sech verkleeden a goufen ugemoolt vir hier Halloweenparty an der Schoul.
Op de Fotoe gesitt der puer Andréck vun dëser Woch.
- Grand Rue
Recap Talentshow Woch 2
Och an deser Woch stung erem Talentshow um Programm. Alleguer d'Kanner wou matgemaach hun sinn och an dei 2. Ronn komm. Hei gesidd der rem puer Andréck vun deser Woch.
- Breedewee
Grand RueProgramm Allerheljenvakanz
Léif Elteren,
Héi ass de Programm fir d'Allerheljenvakanz an der Groussgaas.
Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz.
Léif Gréiss,
- Grand Rue
Andréck vun deser Woch 09.10 - 13.10
Um Plang des Woch stoungen erëm richteg vill flott Aktivitéiten a Projeten. Et gouf erëm ganz vill gebastelt vir Halloween, an eise Konschtsall gouf an engems mat schéin dekoréiert. Et stoungen och vill Beweegungsspiller um Plang wei zb Zombie Ball, verschidde Koordinatiounsspiller, Stoppdance, en Tic Tac Toe am Groussen oder "The Floor is lava". Och am kreative Beräich hunn mer villes proposéiert. Vun Geschichten erfannen, Bauaktivitéiten bis Molaktivitéiten war e bëssen vun allem dobäi. Och eis Projeten ewéi Talentshow, Musikprojet oder Gebärdensprooch hunn erëm stattfonnt. Hei op de Biller gesitt der eng kleng Zesummenfaasung vun dëser Woch.
- Grand Rue
Andréck vun der Woch vum 02.10 bis den 06.10
Des Woch stoungen erëm vill interessant Aktivitéiten a Projeten um Programm. Kanner haten eng grouss Auswahl vu verschiddenen Aktivitéiten an de verschiddenen Säll. Am Stage huet zb Mëttwochs Talentshow stattfonnt a Kanner konnten sech Méindes ob hier Performance virbereeden. Am Mediasall hu mer op de Computere Recherchë gemaach, verschidden Aarte vu Quizzer a Fotoe vun de Casë goufen do ausgedréckt. An der Bibliothéik goufe Projete Gebärdensprooch a Musek gemaach. Et goufen och Geschichte virgelies oder erfonnt a Kanner konnten hei richteg kreativ ginn. Och Gesellschaftsspiller hu mer ugebueden. Well vill Kanner och de Besoin hunn an enger roueger Atmosphäre mateneen ze schwätzen oder och mat den Educateuren ze schwätzen, haten mer dann och eng "table de discussions" des Woch.
Am Bausall goufe rëm Bauconcourser gemaach. Op Tierm oder Haiser bauen, och hei konnt all Kand frei entscheeden, wat se Loscht ze bauen hunn. Am Konschtsall hu mer weider Gas gi mat eiser Halloween Deko. Hei komme mer ganz gutt weider a mer si scho bal prett vir Halloween. Als Ofwiesslung vum Halloween bastele goufen och Steckbreifer vun de Kanner am Konschtsall gemaach an zuguer Selfmade Plasteline.
Am Beweegungsraum war da méi Aktioun. Vun Dr. Doom, Lets Move bis Zombie Ball war bëssen alles dobäi. Vir e bësse kennen ofzeschalten hu mer och Yoga ugebueden.