Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Breedewee
Kanalstrooss Highlander Grand RueProgramm - Summervakanz
Léif Elteren,
Héi ass den Aktivitéitsplang fir d'Summervakanz vum 22.07 - 06.09 an der Maison Relais Groussgaas.
Wichtëg: den 24/07/24 verbréngt dat ganzt Haus den Daag am Ellergronn fir en "Summer Camp".
Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz :)
- Breedewee
Grand RueMR-J Games 2024 Gewenner!
D'Equipe vun der Maison Relais Breedewee an Groussgaass sinn d'Gewenner vun den MR-J Games 2024. Eis kleng Champions dierften dann och dei schéin Coupe mat an d'Maison Relais bréngen.
Super geschafft an Gratulatioun!
- Breedewee
Grand RueRallye am Ellergronn
Während 2 Deeg konnten d'Kanner un engem Rallye am Ellergronn deelhuelen an d'Natur spilleresch entdecken.
- Breedewee
Grand RueAktivitéitenplang - Païschtvakanz
Léif Elteren,
Hei gesidd dir den Aktivitéitenplang fir d'Païschtvakanz.
D'Equipe vun der Maison Relais Breedewee an vun der Groussgaass wënschen ierch eng schéin Vakanz!
- Grand Rue
Wocheréckbléck 29.04. - 03.05.
Och des Woch stungen rem ganz vill interessant Aktivitéiten um Programm. Ufanks vun der Woch hun Kanner un enger Yoga Aktivitéit deelgeholl. Mat eisen C4 Kanner sinn mer eng Visite vum LGE maachen gaangen. Kanner waren richtech interesseiert. Och stungen erem vill vun eisen Projeten um Programm.
Zum Schluss vun der Woch konnten Kanner dann profiteieren, un enger Coiffeur Aktivitéit deelzehuelen. Sie hun sech wei an engem richtechen Coiffeursalon gefillt an waren begeeschtert vum Endresultat.
- Grand Rue
Wocheréckbléck 22.04. - 26.04.
En klengen Réckbléck vun deser Woch. Dei grouss Talentshow Finall stung um Plang an mam Aridane an William huet eisen Gesangsduo gewonnen. Den Highlight vun der Woch war awer d´Visitt vun der Schoulfoire. Kanner konnten profiteieren un den ennerscheedlechen Stänn hier Froen ze stellen. Kanner waren och erem ganz kreativ ennerwee an konnten dest beim Bauconcours enner Beweis stellen. Eng kleng Zesummenfaasung kennt der op den Fotoen gesinn.