Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Kanalstrooss
Besuch um Recylingcenter vun Schëffleng
Passend zu eisem Projet "Beruffer" waren d'Kanner haut op den Recyling zu Schëffleng an konnten sëch iwert den Tri an Offall informéieren an wat domadder dono och geschidd.
- Kanalstrooss Highlander
Réckbléck op eng gudd gefëlten Woch
Et stungen vill verschidden atelier'en um Programm :)
D'Kanner konnten haaptsächlech zum Thema Ouschteren un vereenzelten Atelier'en deel huelen ewéi Eer fierwen, Ouschterhues bastelen an un enger Eersich deel huelen.
Niewenbai konnten d'Kanner och den Naturmusée besichen, duerch d'Stad spazéieren, Bowling spillen an eng Zopp kachen.
- Kanalstrooss
Mir léieren Velo fueren
Mir hunn eng rëtsch Kanner déi keen Velo fueren kënen an gären géifen léieren.
Héi sinn puer Andréck vun eisem Module 2 "Initiation au vélo".
Als éischt gouf mol geléiert den Equiliber ze haalen, unzefueren an ze bremsen.Wann dat bis ereecht war, konnten d'Kanner frai fueren.
- Kanalstrooss Highlander
PROGRAMM - OUSCHTERVAKANZ 2023
Léif Elteren,
Héi ass den Aktivitéitsprogramm fir d'Ouschtervakanz vum 03.04 - 14.04.23 an der Maison Relais Highländer.
D'Kanner kënen sëch an den jeweilegen Atelier'en unmellen.
Mir wënschen Ierch eng schéin Vakanz an schéin Ouschteren.
- Kanalstrooss
Visite vum Benu Village
Mir sinn den Benu Village besichen gangen; dëst fir d'Kanner haaptsächlech zum Thema Recyling ze sensibliséieren.
- Kanalstrooss
Visite vun den Scouten
D'Scouten sinn bei eis an d'Maison Relais komm.
Sie hunn eis erklärt wat en Scout ass an wat sie sou maachen an mir hunn ganz flott Spiller all zesummen gemeet.