Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Kanalstrooss
Wëlkomm am Parc du Canal
Héi ass en kléngen Androck vun der Maison Relais Parc du Canal aus der Siicht vun den Kanner :)
De Video gouf aus Fotoen hiergestallt
(all Bewegung gouf fotograféiert an an en Video emgesaat)
Vill Spaas beim Kucken.
- Kanalstrooss Highlander
Aktivitéitsprogramm fir d'Krëchtvakanz
Léif Elteren,
Héi ass den Aktivitéits-plang fir d'Krëcht-Vakanz vum 02.01-05.01.24 am Highländer :)
(D'woch vum 25.12 - 29.12 sinn mir zou)
Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz an schéin Féierdeeg.
Bis next Joer :)
- Kanalstrooss
Siebdrock - Atelier
Mir hunn un engem Siebdrock-Atelier deel geholl; dat war richtëg flott :)
Beim Siebdrock geet ët drëms selwer eppes hierzestellen (beim Molen) an ët dann op Material wéi zB Stoff ze drécken.
Fir d'prozedur mam Siebrdrock kënen ze maachen, brauch een allerdéngs verschidden Material, dat mir och virgestallt kruten.
Am ufank huët dat sëch zimlech komplizéiert unhéieren, mee schlussendlech hunn mir dat all gudd hinkritt.
Mir konnten dat molen/schréiwen wat mir wollten an eist Konschtwierk och mat heem huëlen.
- Kanalstrooss
Pumpkins in the making
Fir d’Kanner an Halloween-stëmung ze bréngen, hunn mir en Concours fir d’Famillen aus eisem Haus ugebueden:
D’Kanner sollten mat hieren Elteren zesummen en Kürbis beschmücken op schnitzen, molen, pechen war hinnen iwerloos!
17 Famillen hunn deel geholl :)
Eis war ët wichteg den Kanner an Elteren d’méiglechkeet ze ginn zesummen e concours matzemaachen an Spaas dobai ze hunn.
- Kanalstrooss Highlander
Programm - Allerheljenvakanz
Léif Elteren,
Héi ass de Programm fir d'Allerheljenvakanz an der Maison Relais Highländer.
Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz :)
- Kanalstrooss
Een Daag zu Iechternach beim Séi
Mir hunn den Daag um Iechternacher Séi verbruecht: wat waar dat flott :)
Mir sinn vill getrëpelt an hunn Beachvolleyball gespillt.
Do waren och vill Spillplatzen an Parcours'en déi mir maachen konnten.