Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Neiegkeeten

  • Kanalstrooss

    Beachvolleyball-Turnéier Cycle 3-4

    Méintlaang hunn d'Kanner sëch op den Beachvolleyballturnéier virbereed.

    Vun léieren Passen ze maachen, sëch richtëg opzestellen bis op T-shirten ze gestalten...


    An deenen méint hunn d'Kanner sëch gudd drun ginn an och immenz vill wéiderentwéckelt!

    Entlëch war den daag dunn do :)

    Mat ganz vill Freed hunn d'Kanner sëch duerch deen Turnéier gekämpft.

    D'Tshirten déi d'Kanner gemeet hunn goufen dann och als kreativst Tshirten vum Turnéier bezeechent:)


  • Breedewee
    Kanalstrooss Highlander Grand Rue

    Programm - Summervakanz

    Léif Elteren,

    Héi ass den Aktivitéitsplang fir d'Summervakanz vum 22.07 - 06.09 an der Maison Relais Groussgaas.

    Wichtëg: den 24/07/24 verbréngt dat ganzt Haus den Daag am Ellergronn fir en "Summer Camp".

    Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz :)


  • Kanalstrooss

    Programm - Summervakanz am Canal

    Léif Elteren,

    Héi sinn d'Aktivitéitpläng fir déi Wochen vum 16.07-19.07 + 09.09-13.09.24 am Parc du Canal. :)

    Léif Gréiss,


  • Kanalstrooss Highlander

    Beachvolleyball - Turnéier

    Haut huët den Beachvolleyball-turnéier statt fonnt fir den Cycle 1-2. :)

    D'Kanner hunn gudd gespillt, vill geschweest an haaten vill Freed!

    No vill Ustrengung konnten d'Kanner sëch déi 1. Plaatz garantéieren.

    Mir gratuléieren eisen Kanner !


  • Kanalstrooss

    Zeichenstifte aus Holz

    Mir waren haut beim Pol am Ellergronn fir mat him Zeechenstëfter aus Holz selwer ze maachen.

    Als éischt hunn mir eis op d'Sich gemeet vun Aescht.

    Dono missten mir déi Aescht schielen an schlussendlëch kleng sähen esou dat déi an dem Pol seng blechen Késcht géif passen.

    De Féier haat de Pol schon am Viraus ungemeet sou dat deen gudd warm wir.

    Déi blechen Këscht gouf dann an d'Féier geluecht fir ongeféier 30 minutten.

    Dono konnten d'Kanner zesummen mam Pol entdecken wat dobai eraus koum:)

    Déi kleng geschielten Aescht goufen an Zeechenstëfter emgewandelt.


  • Kanalstrooss

    BikeNight um Belval

    Haut huët nees den BikeNight um Belval statt fonnt.

    Den BikeNight erméiglëcht den Kanner haaptsächlëch de Velo méi no ze bréngen duërch verschidden Statiounen.

    D'Kanner kënen héi hier eegen Limiten testen an sëch erausfuederen.


Eischt Viregt Nächst Lescht