Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Neiegkeeten

  • Highlander

    Ekipp Highlander

    Fir en neit Schouljoer, haten mir wëlles eis Ekipp fir ze stellen.

    Mir fänken un mat eiser neier Chargée, d' Melanie Fonseca Almeida. D' Melanie huet am Juni bei eis an der Maison Relais Highlander ugefangen.

    Mir maachen weider mat eiser Ekipp Educativ, déi aus 8 Leit besteet:

    • Samantha Slaby
    • Sarah Leonard
    • Jennifer Marques Macedo
    • Noémie Da Silva
    • Manon Schmit
    • Martine Ruppert
    • Evelise Mendes Silva

    Als ganz neien Mitglied vun der Ekipp, ass den Geronimo Petroni als Apprenti DAP bei eis am Haus bäi komm.


  • Breedewee
    Kanalstrooss Highlander Grand Rue

    Olympiad's-Woch

    Dës Woch stungen d'Aktivitéiten an der Groussgaas ronderëm d'Thema Olympiad.


    D'Kanner konnten sech asutoben, sech selwer erausfuederen, sëch geigensaiteg eraus fuederen esou wéi hier sportlëch Fähegkeeten wéiderentwéckelen :)

    Héi e puer Anbléck :)


  • Breedewee
    Kanalstrooss Highlander Grand Rue

    Programm - Summervakanz

    Léif Elteren,

    Héi ass den Aktivitéitsplang fir d'Summervakanz vum 22.07 - 06.09 an der Maison Relais Groussgaas.

    Wichtëg: den 24/07/24 verbréngt dat ganzt Haus den Daag am Ellergronn fir en "Summer Camp".

    Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz :)


  • Kanalstrooss Highlander

    Beachvolleyball - Turnéier

    Haut huët den Beachvolleyball-turnéier statt fonnt fir den Cycle 1-2. :)

    D'Kanner hunn gudd gespillt, vill geschweest an haaten vill Freed!

    No vill Ustrengung konnten d'Kanner sëch déi 1. Plaatz garantéieren.

    Mir gratuléieren eisen Kanner !


  • Kanalstrooss Highlander

    Programm - Paischtvakanz

    Léif Elteren,

    Héi ass den Aktivitéitsplang fir d'Paischtvakanz vum 27.05 - 31.05.24 am Highländer.

    Mir wënschen ierch all eng erhuelsam Vakanz :)


  • Kanalstrooss Highlander

    Ausfluch zu Sténgefort

    Et ass Ouchtervakanz:) dat bedéit an engems Fréijoer..

    Léider spillt d'Wiëder nët ëmmer sou mat; mir loossen eis awer doduerch nët stéieren.

    Mir waren also e ganzen Daag zu Sténgefort; hunn e puer Spiller beim Wéier gemeet an eis op der Spillplaatz ausgetobt:)

    Well d'Wieder awer zimlëch fiicht war, hunn mir e klengen Tëschenstopp am Fischer gemeet, fir eis bëssen ze wiermen an ze stärken befir ët an de Kletterpark gangen ass.

    Am Kletterpark haaten mir dann d'Méiglechkeet ons selwer bëssen eraus ze fuëderen an verschidden Kletter-parcours'en auszeprobéieren.

    Zum Schluss huët d'Sonn sëch dun och nach blëcken geloos:)

    Mir loossen ierch héi puer Andréck vun eisem sportlëchen Daag.


Eischt Viregt Nächst Lescht