Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Highlander

    "Camionnette" Wash

    Och eis Camionnette muss heiansdo gepflegt gin, des Woch huet den Grupp Dalia ganz begeeschert eis Camionnette vun bannen gestaubsaugt an vill geschruppt an dei nächst Deeg get se dann nees vun baussen op hochglanz bruet vum Grupp Hibiscus


  • Highlander

    Bësch Camp am Ellergronn@Highländer

    Des Woch ass Theema Aerd bei eis um Programm, eisen Haaptprojet vun dëser Woch ass en Bësch Camp an Collaboratioun mam Paul Biel am Ellergronn opzebauen.  Dëst ass op enger schéiner an roueger Platz am Bësch wou dono vun jidderengem mam neidegen Respekt kann genotzt gi.
    Mir genéissen an vollen zeg dei flott Natur, Rou an Entspanung dei den Bësch eis ze bidden huet an dobei entfaalt sech nach besonneg eis Kreativitéit an Gefill vun Fräiheet an Zefriddenheet.

  • Highlander

    Mir planzen Blummen

    Fir eisen Restaurant an eis Entrée bëssen ze verschéineren hunn mir haut en puer Blummen geplanzt.

    Kanner sinn faszinéiert vun deenen villen schéinen Faarwen, zaarten an zerbriechlechen Bléien.

    Den flotten Ubléck un eis nei Planzen berouegt an entspaant zugläich.

    Kanner hunn Blummen selwer an hier Deppecher ëmgeplanzt an hunn vill geleiert iwwert Planzewelten:

    § eng Planz ass en Liewewiesen an huet seng eegen Bedürfnisser

    § Eng Planz wiisst, gedéit, bleiht an geet och mol an

    § muss een méi virsiichteg mat enger Planz ëmgoen wei mat enger Spillsaach

    Des weideren, ass des Woch och en ganzen Moien dem Thema Klimaschutz/wandel zougewennt gi wou mir zesummen gekuckt wat mir kennen bäidroen fir eis Äerd ze schützen


  • Highlander

    Yoga


  • Highlander

    Pompjëe's Daach


  • Highlander

    Natur Rallye am Ellergronn by Samantha

    Bei dësem Rallye steet d'Erliefnis an der Natur am Virdergrond.

    Verschidden Statiounen hunn mir zesummen am Ellergronn gesicht an och entdeckt.

    Dobäi sinn all eis Sënner gefuerdert gi awer och Kreativitéit an Geschécklechkeet.

    Spill, Spaass an eppes dobäi leieren stoungen um Programm bei dëser flotter Entdeckungsrees durch den Bësch!


Eischt Viregt Nächst Lescht