Zum Haaptinhalt sprangen Zum Haaptmenü sprangen

Kalenner

Zum Kalenner

Neiegkeeten

  • Lallange

    Mit den Lallinger Bötchen unterwegs

    Haut sin mir mat eisen selwer gebastelten klengen Booter rausgaang an hun dei an engem groussen Pull Wasser zesummen schwammen geloss. DˋKanner waren richteg begeeschtert an wollten nach mei Booter bastelen fir dei doheem och schwammen ze lossen.

    Fir des Booter sin och net vill Materialien benotzt gin. Se gouffen aus Korken gebastelt.

  • Lallange

    Mir waren am Schnei

    Nodeems et dei lescht Deeg vill geschneit huet, hun mer entscheed eng kleng Sortie an den Schnei mat den Kanner ze machen. D'Kanner hun sech richteg amuseiert an hun Schneimäannecher gebaut an kleng Schneischlachten gemach.

  • Lallange

    Projet: Zait fir mech

    All Donneschten fun 13h30 bis 14h30 fennt den Projet "Zait fir mech" statt, wou d' Kanner, d'Meiglechkeet hun hier Rouhmomenter ze hun an wou se mat eis Educateueren individuell Gespreicher feieren kennen, fir hieren Bedürfnisser nozegoen.

  • Lallange

    Mir bastelen en Kerzenstänner

    Haut gett mat den Kanner en selwer gebastelten Kerzenstänner hiergestallt.

    Fir dass d´Kanner en klengt Bild hun wei dest keint ausgesin, gin hinnen puer Beispiller gewisen.

    Fir des Bestalaktiviteit kennen verschidden Materialien benotzt gin. Fir d´eischt gett awer eng Kerz op enger aaler CD gepescht an doropshin kennen d´Kanner hieren Kerzenstänner selwer dekoreieren. Materialien dei hinnen zur Verfügung stin sin: Perlen, Glitzer, Knäpp, Muschelen asw.

  • Lallange

    Torwand ass eröffnet

    Haut hun mer mat eisen Kanner aus dem Cycle1+2 eis selwer gebastelt Torwand fir dei eischten keier benotzt. D'Kanner hun probeiert anhand vum Fouss den Ball an de Lächer vun der Torwand ze scheissen. No puer Versich huet och all Kand daat hinkritt.

  • Lallange

    Torwand ferdeggestalten

    Haut gouff mat den Kanner eis Torwand ferdeggestallt. Se gouff zesummengepescht an mat Spraydosen faarweg gemolt.

Eischt Viregt Nächst Lescht