Infos parents
Kalenner
Zum KalennerNeiegkeeten
- Breedewee
Kanalstrooss Highlander Grand RueVisite vun der Pompjees Kasaer
Mir waren eng Kasaer besichen; ei wat war dat flott. :)
Mir konnten hier Arbechtskleedung undoen; hiert Material unkucken an testen an mir kruten ganz villes gewisen an erzielt.
- Breedewee
Kanalstrooss Highlander Grand RueAndréck vun den éischte 2 wochen
An schon sinn déi zwou eischt Wochen vun der Summervakanz em :)
Déi éischt Woch vum Summer hunn mir eis op Adventures ageloos: mir hunn geléiert dobaussen ze kachen, sinn Mountainbike fueren gaangen, hunn en Besuch bei den Scouten gemeet, hunn eng réih un sportlëch Aktivitéiten gemeet fir eis och mol kënen gut auszetoben.
Déi zweet Woch vun eiser Vakanz, hunn mir eis vum villen Reen nët ofschrecken geloos an konnten villes ronderem Thema vun der Natur an den Déieren maachen.
Mir hunn un engem Naturbingo deel geholl, hunn gebastelt, gebaak, geléiert wéi een Botter selwer mecht an mir waren am Beetebuerger Park.
Héi hudd dir en puer Andréck vun deenen 2 Wochen :)
- Breedewee
Aktivitéitsplang September 2023
Léif Elteren,
Ab den 4 September sinn mir nees zeréck an eiser Maison Relais :)
Dir fannt den Aktivitéitsplang fir déi läscht 2 Wochen Vakanz héi drëner.
Léif Gréiss,
- Breedewee
Kanalstrooss Highlander Grand RueSummervakanz - Programm 2023
Léif Elteren,
Héi ass den Programm fir d'Summervakanz an der Maison Relais Groussgaas.
Mir wënschen eng erhuelsam Vakanz :)
Léif Gréiss,
- Breedewee
Summerfest 2023
Gemeinsam hun mär zesummen e puer schein Stonnen op eisem Summerfest verbruet. D'Elteren, souwie d'Kanner konnten un verschiddenen Atelieren deelhuelen, vun Bingo iwert Bechsen scheissen wuar alles dobai. Eng opblosbar Statioun fir Basketball an Baseball huet d'Kanneraaen strahlen geloos. Och fir den Honger an Duuscht wuar beschtens gesuergt. Lecker Kannercocktailer, Popcorn an Pizza stungen zur Auswahl.
- Breedewee
Volleyballturneier vun den Escher Maison Relaisen
Während 2 Deeg konnten d'Kanner aus den verschiddenen Maison Relais'en vun Esch bei engem Volleyballturneier geinteneen untrieden. Vill Spaas bei guddem Wierder haaten Grouss an Kleng zesummen :) Stolz konnten d'Kanner dono hier Medaille präsenteieren :)
